CD-Klassik
Classic meets Rock
11 min
D'Sara Övinge ass eng schweedesch Geiistin, déi sech mat der klassescher Musek eleng net zefridde gëtt. Si spillt och gären zäitgenëssesch Musek, iranesch Musek an Improvisatioun. Deemno war si also frou, wéi ee schweedesche Komponist fir si ee Geieconcerto schreift, bei deem elektro-akustesch Musek am Fokus steet.
An net nëmmen dat Wierk spillt déi jonk Geiistin op hirem neien CD zesumme mam Norwegesche Kammerorchester, mee och dem Philipp Glass säi Concerto "The American Four Seasons", mat Musek inspiréiert un deene véier Saisone vum Vivaldi.
Et ass een Album, bei deem Dreem Realitéit ginn, mengt d'Marie Schockmel. Hatt huet an dësen CD eragelauschtert.