CD-Klassik
Kompromësslos leidenschaftlech
11 min
Den Divertimento fir Sträichorchester an d'Musek fir Säiteninstrumenter, Perkussioun an Celesta gehéieren zu deene bekannste Wierker vum Béla Bartók. Eleng schonn duerch hir Kompositiounsweis evoquéiere se staark a ganz verschidden Emotiounen. Dës Emotioune ginn duerch déi grouss Leidenschaft verstäerkt, mat där d'Deutsche Radio Philahrmonie se ënner der Direktioun vu sengem Chefdirigent Pietari Inkinen interpretéiert, mengt de Luc Boentges.