arrow_back_ios
Das musikalische Pompeji
Pionéier vum historeschen Instrumentebau
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
Wann een haut Ensemblen erlieft, déi op Al Musek spezialiséiert sinn, ass et quasi selbstverständlech, datt se och op historeschen Instrumenter spillen, dacks perfekt Kopien, déi dank der wëssenschaftlecher Fuerschung am Beräich Material a Klang ganz no um Original sinn. D'Grondlag fir dës Nobaute gouf am Ufank vum 20. Joerhonnert vum franséischen Instrumentebauer Eugène Arnold Dolmetsch geluecht. Hien huet als ee vun den Éischten Cembali a Clavichorden nogebaut, spéider och Blockflütten.
Musek