D'Musek "wéi se eemol war" hei an elo ze erliewen, dat ass en Dram vu villen Historiker. Wann hautzedaags Musek aus dem Barock oder der Renaissance gespillt gëtt, muss se awer virun allem fir de Publikum spannend sinn.
Wéi wäit kënnen d'Museker:inne goen, wéi onkonventionell kann een dës Musek haut spillen? Op déi Froen huet de Joachim Fontaine Äntwerten.