arrow_back_ios
CD-Klassik
Faarweg a spannend Brahms-Interpretatiounen
headphones
16 min
Lauschteren
play_arrow
Den Adam Fischer schéngt den Dirigent vun den Integralen ze sinn: No sengem Haydn-Marathon mat der Österreichisch-Ungarischen Haydn-Philharmonie, engem Mahler-Zyklus mat den Düsseldorfer Symphoniker an der remarkabeler Beethoven-Intégrale mam Danish Chamber Orchestra ass den Dirigent elo beim Johannes Brahms ukomm. Fir seng 25jäereg Zesummenaarbecht mam Danish Chamber Orchestra ze feieren, huet den ungareschen Dirigent déi véier Symphonien opgeholl.