CD-Klassik
Eng vun de seelenen Opname vun der Urfassung
11 min
Den 200. Anniversaire vum Anton Bruckner gëtt de 4. September 2024 gefeiert. De Markus Poschner muss sech deemno bäimaache mat senger Integrale vun de Bruckner-Symphonien. Nodeems mir d'Opnam vun der 4. Symphonie presentéiert haten, ass et elo déi 3. Symphonie an hirer éischter Fassung. Vun dëser Symphonie gëtt et dräi Manuskript-Versiounen an zwou zu Liefzäite vum Bruckner publizéiert Partituren. De Markus Poschner proposéiert d'Fassung vun 1873, déi e gutt Stéck méi laang ass, wéi déi normalerweis gespillt drëtt Fassung vun der Symphonie.