Panorama
Panorama
10 min
1. D'Benelux-Länner liwwere Panzeren un d'Ukrain, hu si gemeinsam annoncéiert. Et handelt sech ëm Panzere fir Zaldoten a Kampfgebidder ze transportéieren
2. D'Lëtzebuerger Police kritt Bodycams. Dat entspriechend Gesetz gouf gëschter an der Chamber ugeholl. Eng 1.700 Poliziste solle mat Kierper-Kameraen equipéiert ginn
3. De François Bausch verdeedegt déi geplangten Arméi-Reform. Dat nodeems d'Staatsbeamtegewerkschaft sot, si géif op d'Conciliatioun goen
4. Beim Tour de France huet den Dän Jonas Vingegraad säi Virsprong un der Spëtzt däitlech vergréissert, hien ass elo Top-Favorit fir eng Schlussvictoire