Panorama
Panorama
12 min
1. Fokus a Liberté-Fräiheet wäerten am Oktober mat komplette Lëschten an de véier Walbezierker untrieden
2. Den Interimsecteur mécht sech Suerge wéinst de Problemer am Bausecteur a fäert, datt dat Schlëmmst nach kënnt
3. Den Nohaltegkeetsrot fuerdert, datt ee méi Steiere muss bezuelen, wann ee vill natierlech Ressourcë verbraucht
4. D'Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung warne virdrun, Déieren aus der Vakanz matzebréngen
5. D'Inflatioun an der Eurozon geet zeréck an ass, mat engem Taux vu 5,3 Prozent esou niddreg wéi zanter ufanks 2022 net méi
6. Zwee Doudeger bei russescher Attack op een Appartementshaus am Zentrum vun der Ukrain
7. Am Niger beschëllegen d'Putschiste Frankräich, militäresch am Land wëllen anzegräifen
8. Groussbritannien huet Honnerten nei Lizenzen fir d'Exploitatioun vu Pëtrol a Gas annoncéiert
9. Maximal Iwwerschwemmungsgefor an der chineesescher Haaptstad Peking wéinst Tropestuerm Daksuri
10. Frae-Fussball-WM: Japan gewënnt 4:0 géint Spuenien a Costa Rica verléiert 1:3 géint Sambia