arrow_back_ios
CD-Klassik
E Spéitromantiker
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Am Krees vun de bedeitenden tschechesche Komponisten huet de Josef Bohuslav Foerster eng besonnesch Plaz. De Foerster war nämlech net just Komponist, mee hat och als Musekskritiker a Publizist groussen Afloss, dat virun allem wärend sengem Openthalt zu Hamburg am Ufank vum 20. Joerhonnert. Hien huet och de Gustav Mahler kannt, deen déi Zäit Chef am Stadt-Theater zu Hamburg war.
De Janacek Philharmonic Orchestra huet déi éischt Symphonie vum Josef Bohuslav Foerster, eng Bünemusek an eng Ouverture, opgeholl.