Panorama
Panorama
12 min
1. A Südkorea ass d'Evakuéierung vum grousse Scoutstreffe wéinst dem Taifun gutt iwwer d'Bün gaangen
2. D'Vermësstemeldung vum Jully Seven Martins Braz ass gestrach
3. Den nationalen Drogebeoptraagte warnt viru syntheeteschen Drogen, déi mëttlerweil och zu Lëtzebuerg am Ëmlaf sinn
4. Déi staatlech Hëllefe fir privat Luetstatioune fir Elektrogefierer gi bis den 31. Dezember 2024 verlängert
5. D'Veterinärsinspektioun warnt virdrun, Déieren aus der Vakanz mat heem ze bréngen
6. Copernicus: de Juli 2023 war dee wäermste Mount Juli, dee jeemools gemooss gouf
7. Grouss Bëschfeieren a Portugal: an der Regioun Odemira si scho 7.000 Hektar verbrannt
8. Marseille: fënnef Poliziste wéinst dem Doud vun engem Manifestant ufanks Juni festgeholl
9. De presuméierten Hannermann vum Genozid am Ruanda muss wéinst Demenz net viru Geriicht
10. Frae-Fussball-WM: Kolumbien steet, no 1:0-Victoire géint Jamaika, an der Véierelsfinall
11. Spuenien trauert ëm säin éischte Gewënner vum Tour de France: de Federico Bahamontes ass am Alter vu 95 Joer gestuerwen