Panorama
Panorama
10 min
1. Eng nei Allianz fir de Schutz vum Reebësch: Um Amazonas hunn aacht Länner decidéiert, méi enk zesummenzeschaffen fir de Reebësch ze schützen. Et gouf awer keen Accord fir d'Ofholzen ze stoppen
2. Bio-Landwirtschaft zu Lëtzebuerg: D'Zil vun 20 Prozent Bio bis 2025 wäert net erreecht ginn, sot de President vun der Baueren-Allianz virdrun op eiser Antenn
3. Weider Dronen-Attacken op Moskau: Russland hätt nees zwou Dronen ofgeschoss, seet de Buergermeeschter vu Moskau. Déi Attacken hätte virun allem een Afloss op d'Moral, seet eng Politologin am 100,7-Interview
4. Haut virun dräi Joer gouf a Belarus den Alexander Lukashenko als President erëmgewielt. Eng gefälschte Wal, seet den EU-Chef-Diplomat. Hie verurteelt och d'Complicitéit vum Lukashenko-Regimm mat Russland am Krich géint d'Ukrain
5. Slowenien: EU-Kommissiounspresidentin reest an Iwwerschwemmungsgebidder
6. Peking: 33 Doudeger bei Iwwerschwemmungen, esou een neie Bilan