Panorama
Panorama
11 min
1. D'Mënscherechtskommissioun wëllt un d'Chamber rattachéiert ginn, amplaz, wéi bis elo, weiderhin der Regierung ze ënnerstoen.
2. De Problem vun der Psychiatrie zu Lëtzebuerg wier eng Konsequenz dovun, datt déi mental Gesondheet laang Zäit net wichteg genuch geholl gi wier. Dat sot den Dokter Paul Hédo de Mueren op der Antenn
3. Vun haut u gëllt fir d'Gemengen eng nei Direktiv fir Verkéiersberouegung. Domadder soll bannent den Uertschaften de Mënsch erëm virum motoriséierte Verkéier Prioritéit kréien
4. D'Situatioun am Bausecteur ass ganz kriddeleg, dat schreift d'Chambre des métiers an hirer Analys
5. A Frankräich gouf gëschter en neien absolutten Temperaturrekord fir d'Zäit nom 15. August erreecht, dat mat enger nationaler Duerchschnëttstemperatur vu 27,1 Grad