Panorama
Panorama
11 min
1. D'Vereenten Natioune schloen Alarm: Am Sudan kéint eng humanitär Katastroph mat epeschen Ausmoossen ausbriechen
2. De BRICS-Grupp erweidert sech ëm sechs Memberstaaten. Déi nei Länner wëllen zesumme mat de Schwellelänner méi e groussen ekonomeschen Afloss an der Welt kréien
3. De fréiere franséische President Nicolas Sarkozy muss sech 2025 an der Affär wéinst presuméierter libescher Walkampffinanzéierung viru Geriicht veräntwerten
4. Den hollänneschen Ausseminister Wopke Hoekstra gëtt neien EU-Kommissär, nom Récktrëtt vum Frank Timmermans en Vue vun den hollännesche Parlamentswalen
5. D'Chambre des métiers schwätzt vun enger historescher Kris am Bauhandwierk a fuerdert weider Hëllefsmesurë vun der Regierung. Den Hëllefspak vun 150 Milliounen Euro, deen am Juni decidéiert gi war, géif net duergoen