Panorama
Panorama
11 min
1. An der südafrikanescher Stad Johannesburg koumen op d'mannst 20 Leit bei engem Feier an engem Gebai ëm d'Liewen
2. Een Dag nom Militärputsch am Gabun gouf de Generol Nguema als neien Iwwergangspresident genannt. An der Haaptstad Libreville hu vill Leit gefeiert
3. Kritik un der Nominatioun vum Wopke Hoekstra als neien EU-Klimakommissär: Hien ass dee falsche Mann fir de Posten, soen déi gréng an d'Sozialisten am Europaparlament
4. Den Emmanuel Macron huet 12 Stonne laang mat de Parteicheffen diskutéiert. Vill gouf een duerno awer net gewuer
5. Déi grouss Schwäizer Bank UBS huet no der Iwwernam vu Credit Suisse e Rekord-Benefice vu ronn 29 Milliarden US Dollar am zweeten Trimester gemaach