Radioen

On air

Notturno  |  Igor Strawinsky - Suite Italienne, VI. Minuetto e Finale: Finale - Duo Natalia

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

opus / Concert

/ Déi véier Joreszäite mam Trio Con Brio Copenhagen

Déi véier Joreszäite mam Trio Con Brio Copenhagen

Den Trio Con Brio Copenhagen lued an op e Concert mat de véier Joreszäiten als roude Fuedem. Um Programm sinn awer net dem Vivaldi seng Concerti fir Geien.


Dëst ass e Matschnëtt vum Concert vum 3. August 2024 aus dem Anexet Concertssall, deen um Grondstéck vum Schlass Lundsgaard an Dänemark opgeholl gouf. Dir kënnt dëse Concert bis 5. November 2024 an der Mediathéik um www.opus.radio nolauschteren.


Um Programm:

• Pyotr Ilyich Tchaikovsky (1840-1893):

Extraiten aus de Joreszäiten op.37a

• Franz Schubert (1797-1828):

Sträichquartett en la mineur D 804 op.29 "Rosamunde"

• Lili Boulanger (1893-1918):

D’un matin de printemps fir Pianotrio

• George Gershwin (1898-1937):

Summertime, aus "Porgy and Bess", fir Gei an Piano

• Pyotr Ilyich Tchaikovsky (1840-1893) (arr. Toru Takemitsu):

Hierschtlidd fir Braatsch a Sträichquartett

• Ástor Piazzolla (1921-1992):

Wanter, aus de "Véier Joreszäite vu Buenos Aires"


Interpreten:

Andrej Bielow, Soo-Jin Hong, Gilles Millet, Gei

Nicholas Swensen, Vlad Bogdanas, Braatsch

Yovan Markovitch, Soo-Kyung Hong, Cello

David Munk-Nielsen, Jens Elvekjaer, Elisabeth Leonskaja, Piano

Quatuor Danel

Trio con Brio Copenhagen

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Hommage un de Vladimir Valek

Dëse Concert setzt sech zesummen aus verschiddenen Opnamen vum Prager Radio Symphonieorchester ënnert der Leedung vun sengem laangjährege Chefdirigent, dem Vladimir Valek.

Op de Spuere vu "Carmen"

D'Oper "Carmen" begeeschtert de Public ëmmer op en Neits, mee och déi zwou Carmen Orchestersuitte kennen e grousse Succès. An dës sinn net déi eenzeg gefeiert Wierker an dësem Programm.

"Wir sind wie zwei Brüder"

Den Cellist Alexander Hülshoff an de Pianist Andreas Frölich spillen de 27. Januar 2025 ee Concert an der Philharmonie, um Mozart sengem Gebuertsdag an um Internationale Gedenkdag un d'Affer vum Holocaust.

Galaconcert SOS Weltkannerdierfer

Ee Concert an der Philharmonie am Kader vum Galaconcert fir d'SOS Weltkannerdierfer den 12. Dezember 2024. D'Lëtzebuerger Philharmoniker spillen zesumme mam jonken ukrainesche Geiist Dmytro Udovychenko.

Franz héich 2

Dem Franz Schubert seng éischter manner bekannte Sinfonie Nr. 6 trëfft op dem Franz Berwald seng 2. Sinfonie mam Bäinumm "La Capricieuse". Zwee Wierker, déi laang Zäit ënnerschat goufen.

Zäitrees an d’Wiener Klassik

Mir maachen eis op de Wee an eng europäesch Haaptstad, déi d’Museksgeschicht iwwer Joerhonnerte staark gepräägt huet, mat Wierker vu Mozart a Beethoven.

Concert a Commemoratioun vum Holocaust

Optrëtt am Mierscher Theater am Kader vum 80. Joresdag vun der Befreiung vun Ausschwitz mat der Lëtzebuerger Militärmusek

100 Joer Pierre Boulez

De Pierre Boulez ass virun allem bekannt als Komponist vun Neier Musek. Als Dirigent huet hie sech awer engem méi traditionelle Repertoire gewidmet.

An der Welt vun de Märercher

Musikalesch Märercher aus 1001 Nuecht an den 1. Celloconcerto vum Schostakowitsch

Vu Montfort op Saint Germain

Franséischen Impressionismus vun Debussy a Ravel mat dräi Professeren aus dem Stater Conservatoire.

Händel, Rameau a Mozart treffen op d'Louise Farrenc

E Programm, dee sech ronderëm den Dag vun der Aler Musek dréit.

Concert aus de Schwäizer Bierger

Dee weltberüümte Schwäizer Flüttist Emmanuel Pahud spillt dem Mozart seng bekannte Quartetter fir Flütt.

Hommage un den Danz

Ee Concert als Hommage un den Danz mat der Uropféierung vun "Imbalance" vum jonke Lëtzebuerger Komponist Félix Túrrion Eichler

Multitalent trëfft op Wonnerkand

Mozart an Abel stinn um Concertsprogramm vum Kammerorchester vum rumänesche Radio zesumme mat der Pianistin an Dirigentin Simona Strungaru.

Fir den 100. Gebuertsdag vum Pierre Boulez

De Pierre Boulez als Komponist an als Dirigent

De Ris a säin Nofollger

Ënner dem Titel “Der Riese und sein Nachfolger” presentéiert de Stater Conservatoire Pianostrioe vu Beethoven a Brahms - zwee Komponisten, déi sech zwar ni begéint sinn an awer dacks matenee verglach ginn.

Zwou Uropféierungen

D'Wierk "Bookends" vun der Catherine Kontz a "Blackness, Structures, Exteriors" vum Liam Dougherty. Op der Bün: Cathy Krier an den OCL.

Concert fir den 150. Gebuertsdag vum Ravel

Mam Orchester "Les Siècles" ënner dem Louis Langrée