Radioen

opus100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

opus / Concert

/ Strauss, Bruch a Wagner

Strauss, Bruch a Wagner

Den 8. Juni 2024 stoungen an der Kölner Philharmonie ënner anerem Wierker iwwer d’Bild vun der Fra am Mëttelpunkt.

No enger Introduktioun duerch dem Richard Strauss säin “Don Juan”, bei deem d’Leidenschaft an d’Begieren no de Fraen thematiséiert gëtt, ass et dem Max Bruch säin éischte Geie-Concerto, dee vun der koreanescher Violonistin Bomsori Kim an dem WDR Sinfonieorchesrer ënner der Leedung vum Cristian Mǎcelaru ze héiere war.


Duerno stoung dann déi franséisch Komponistin Mélanie Bonis am Mëttelpunkt. Si huet hiert Liewe laang ënner dem Pseudonym Mel Bonis publizéiert. Weider goung et mat dem Strauss senger drëtter sinfonescher Dichtung “Tod und Verklärung” an zum Ofschloss dem Richard Wagner seng Ouvertür aus der Oper “Tannhäuser”.


Firwat d’Haaptwierk vum Concert, dem Max Bruch säin éischte Geie-Concerto, gläichzäiteg Fluch a Seege fir de Komponist war, verréit Iech, ënner anerem, de Jeremy Ney, deen duerch dëse Concertsprogramm féiert.


Dëse Concert kënnt Dir bis den 29. Januar 2025 zu all Moment an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.


Programm:

• Richard Strauss (1864-1949): Don Juan, op.20

• Max Bruch (1838-1920): Geie Concerto Nr. 1 a Sol mineur, op.26

• Grażyna Bacewicz (1909-1969): Polish Caprice (Encore)

• Mel Bonis (1857-1938): Salomé aus “Trois femmes de légende”, op.100/2

• Richard Strauss: Tod und Verklärung, op.24

• Richard Wagner (1813-1883): Ouverture aus “Tannhäuser”


Interpreten:

• Bomsori Kim (Gei)

• WDR Sinfonieorchester

• Cristian Mǎcelaru (Dirigent)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Op de Spuere vu "Carmen"

D'Oper "Carmen" begeeschtert de Public ëmmer op en Neits, mee och déi zwou Carmen Orchestersuitte kennen e grousse Succès. An dës sinn net déi eenzeg gefeiert Wierker an dësem Programm.

"Wir sind wie zwei Brüder"

Den Cellist Alexander Hülshoff an de Pianist Andreas Frölich spillen de 27. Januar 2025 ee Concert an der Philharmonie, um Mozart sengem Gebuertsdag an um Internationale Gedenkdag un d'Affer vum Holocaust.

Galaconcert SOS Weltkannerdierfer

Ee Concert an der Philharmonie am Kader vum Galaconcert fir d'SOS Weltkannerdierfer den 12. Dezember 2024. D'Lëtzebuerger Philharmoniker spillen zesumme mam jonken ukrainesche Geiist Dmytro Udovychenko.

Franz héich 2

Dem Franz Schubert seng éischter manner bekannte Sinfonie Nr. 6 trëfft op dem Franz Berwald seng 2. Sinfonie mam Bäinumm "La Capricieuse". Zwee Wierker, déi laang Zäit ënnerschat goufen.

Zäitrees an d’Wiener Klassik

Mir maachen eis op de Wee an eng europäesch Haaptstad, déi d’Museksgeschicht iwwer Joerhonnerte staark gepräägt huet, mat Wierker vu Mozart a Beethoven.

Concert a Commemoratioun vum Holocaust

Optrëtt am Mierscher Theater am Kader vum 80. Joresdag vun der Befreiung vun Ausschwitz mat der Lëtzebuerger Militärmusek

100 Joer Pierre Boulez

De Pierre Boulez ass virun allem bekannt als Komponist vun Neier Musek. Als Dirigent huet hie sech awer engem méi traditionelle Repertoire gewidmet.

An der Welt vun de Märercher

Musikalesch Märercher aus 1001 Nuecht an den 1. Celloconcerto vum Schostakowitsch

Vu Montfort op Saint Germain

Franséischen Impressionismus vun Debussy a Ravel mat dräi Professeren aus dem Stater Conservatoire.

Händel, Rameau a Mozart treffen op d'Louise Farrenc

E Programm, dee sech ronderëm den Dag vun der Aler Musek dréit.

Concert aus de Schwäizer Bierger

Dee weltberüümte Schwäizer Flüttist Emmanuel Pahud spillt dem Mozart seng bekannte Quartetter fir Flütt.

Hommage un den Danz

Ee Concert als Hommage un den Danz mat der Uropféierung vun "Imbalance" vum jonke Lëtzebuerger Komponist Félix Túrrion Eichler

Multitalent trëfft op Wonnerkand

Mozart an Abel stinn um Concertsprogramm vum Kammerorchester vum rumänesche Radio zesumme mat der Pianistin an Dirigentin Simona Strungaru.

Fir den 100. Gebuertsdag vum Pierre Boulez

De Pierre Boulez als Komponist an als Dirigent

De Ris a säin Nofollger

Ënner dem Titel “Der Riese und sein Nachfolger” presentéiert de Stater Conservatoire Pianostrioe vu Beethoven a Brahms - zwee Komponisten, déi sech zwar ni begéint sinn an awer dacks matenee verglach ginn.

Zwou Uropféierungen

D'Wierk "Bookends" vun der Catherine Kontz a "Blackness, Structures, Exteriors" vum Liam Dougherty. Op der Bün: Cathy Krier an den OCL.

Concert fir den 150. Gebuertsdag vum Ravel

Mam Orchester "Les Siècles" ënner dem Louis Langrée

La France fantastique

De Shanghai Philharmonic Orchestra spillt Wierker vu franséische Komponisten: Bizet, Debussy, Fauré a Franck.
live

Live