De 27. Januar ass ee wichtegen Datum an der Welt vun der klassescher Musek. Et ass de Gebuertsdag vum Wolfgang Amadeus Mozart. Et ass awer och soss ee groussen Datum, well et ass den Internationale Gedenkdag un d'Affer vum Holocaust. 2025 gouf et op deem Dag e passende Concert an der Philharmonie. Op der Bün stoungen dofir den Cellist Alexander Hülshoff an de Pianist Andreas Frölich.
Programm:
- Claude Debussy: Sonat fir Cello a Piano a Re Mineur
- Franz Schubert: Sonat fir Arpeggione a Piano a La Mineur D 821
- Wolfgang Amadeus Mozart/ Fritz Kreisler: Haffner Rondo
- Ernest Bloch: From Jewish Life (Prayer, Supplication, Jewish song)
- Dmitri Chostakovich: Sonat fir Braatsch a Piano an Do Majeur op.147 (arrangéiert fir Cello)
Interpreten:
- Alexander Hülshoff, Cello
- Andreas Frölich, Piano