Et ass e Live-Matschnëtt aus dem Münchener Herkulessaal ënner der Leedung vum Simon Rattle. Den Orchester gouf bei der Opféierung vum Bach sengem Meeschterwierk vun den Augsburger Domsingknaben a vun Internationale Solisten ënnerstëtzt. D’Partie vum Christus gëtt gesonge vum Éisträichesche Georg Nigl. De britteschen Tenor Mark Padmore iwwerhëlt d’Roll vum Evangelist. 1829 war d’Matthäuspassioun duerch de Felix Mendelssohn-Bartholdy nees erëmentdeckt an opgeféiert ginn. “Et war, wéi wann een d’Dier vun engem laang zougespaarten Tempel nees opgemaach hätt.”
Johann Sebastian Bach: Matthäuspassion BWV 244
Ufankschouer an den zweeten Deel
Interpreten:
Camilla Tilling, Sopran
Magdalena Kožena, Mezzosopran
Andrew Staples, Tenor
Roderick Williams, Bariton
Georg Nigl, Bariton (Jesus)
Mark Padmore, Tenor (Evangelist)
Augsburger Domsingknaben
Chor des Bayerischen Rundfunks
Orchester des Bayerischen Rundfunks
Simon Rattle, Direktioun
Dëse Concert ass disponibel bis den 21. Mee 2025 op www.opus.radio