Den Antonio Vivaldi huet zu senger Zäit net nëmmen déi verschidden europäesch Herrscher konnte mat senger Musek begeeschteren, mee och d’Komponisten deemools hu sech seng Virtuositéit a seng Concerti als Virbild geholl. Dës Gattung huet de Vivaldi perfektionéiert wéi keen aneren an huet deelweis zwee Concerti pro Mount komponéiert. De Freiburger Barockorchester presentéiert ënner dem Titel "Viva Vivaldi!" eng Auswiel vun dem Vivaldi senge knapp 500 Wierker
Programm:
Antonio Vivaldi (1678-1741):
Concerto a Ré, RV 562a
Concerto fir Flütt a Fa, RV 570 “La tempesta di mare”
Concerto a Sol Mineur, RV 156
Concerto fir Trompett a Ré, RV 537
Concerto fir zwou Trompetten a Ré, RV 781
Concerto fir Flütt a La Mineur, RV 440
Concerto a Sol Mineur, RV 107
Concerto a Fa, RV 571
Interpreten:
Freiburger Barockorchester
Daniela Lieb, Flütt
Hannes Rux, Trompett
Jaroslav Roucek, Trompett
Cecilia Bernardini, Gei/Direktioun