Klarinett, Hautbois, Cor a Sträichquartett - dee wëlle Mix héiert ee bei dësem Concert aus dem Escher Conservatoire, bei deem ausschliisslech Enseignanten op der Bün stoungen. Um Programm steet Musek vu véier verschiddene Komponisten aus verschiddene Joerhonnerten. Et geet vum Carl Maria von Weber, dee fir seng Opere ganz bekannt ass, bis bei déi humorvoll Kläng vum Jean Françaix.
Programm:
- Carl Maria von Weber (1786-1826): Quintett fir Klarinett a Sträicher a Si bémol Majeur
- Bernhard Henrik Crusell (1775-1836): Divertimento fir Hautbois a Sträichquartett op.9
- Josef Suk (1874-1935): Barcarolle fir Sträichquartett
- Jean Françaix (1912-1997): Quartett fir Cor anglais a Sträichtrio
Interpreten:
- Romain Gross, Klarinett
- Jean-Paul Hansen, Hautbois a Cor anglais
- Bartolomiej Ciaston, Gei
- Caroline Reuter, Gei
- Aram Diulgerian, Braatsch
- Nora Braun, Cello