Déi iranesch Komponistin Golfam Khayam probéiert mat hirer Musek déi persesch Kläng mat modern experimentellen Techniken ze verbannen an esou Brécken ze schloen tëscht der iranescher an der westlecher Musekskultur. Viru gutt 80 Joer war dëst net méiglech: Nazi-Däitschland huet d'Musek vu villen europäesche Komponisten zenséiert, esou datt den Igor Stravinsky a Béla Bartók béid an d'USA ausgewandert sinn, fir hirem Beruff weider kënnen nozegoen.
Vun hinnen héiere mer bei dësem Concert zwee Wierker, déi awer hoffe loossen: si weisen d'Schéinheet vun enger déiwer Léift a probéieren, de Mënschen an där deemools däischterer Zäit Freed an Optimismus ze schenken. Ma och de Joseph Haydn stécht mat senger "Abschiedssinfonie" um Haff vum Fürst Esterházy eraus: aus Protest géint dem Fürst säi Verbuet, de Museker hir Fraen a Kanner op d'Schlass ze invitéieren, verloossen si beim leschte Saz een nom aneren d'Bün bis datt um Enn just nach zwou Geie spillen.
Dësen deels revolutionären, deels hoffnungsvolle Programm gëtt iech an enger Interpretatioun vum Orchestre de Chambre de Lausanne ënnert der Leedung vun der kanadescher Dirigentin Barbara Hannigan presentéiert. Opgeholl gouf dëse Concert vu Radio Télévision Suisse an der Salle Métropole zu Lausanne an dir kënnt e bis de 15. Juni 2025 an der Mediathéik vum Opus 100,7 nolauschteren.
Programm
- Golfam Khayam (1982):
I am not a table to be told
- Joseph Haydn (1732-1809):
Sinfonie Nr.45 a Fa dièse mineur, Hob. I:45 ("Abschiedssinfonie")
- Igor Stravinsky (1882-1971):
Concerto a mi bémol Majeur fir Kammerorchester ("Dumbarton Oaks")
- Béla Bartók (1881-1945):
Divertimento, Sz.113
Interpreten
-
Barbara Hannigan, Sopran an Direktioun
-
Orchestre de Chambre de Lausanne, Text