Mam Wierk "Passacaglia & Fugue" gëtt dëse Concert ageleet, d'Komponistin Sophie-Carmen Eckhardt-Grammaté ass awer deene mannsten e Begrëff. Déi russesch-däitsch-kanadesch Komponistin aus dem 20. Joerhonnert ass vill gereest an huet souwuel eng Zäit zu Berlin, zu Barcelona, mee och zu Wien an an den USA gelieft. Dës Kulturen hunn och hir Musek beaflosst, déi sech vun de volle spéitromantesche Kläng hin zu enger méi reduzéierter, expressiver a virun allem och experimenteller Musek entwéckelt huet. Domat schléit si d'Bréck tëschent engem däitsche Romantiker wéi dem Johannes Brahms an engem russesche Komponist vun der Modern, dem Dmitri Schostakowitsch. Dem engen seng 3. Sinfonie an dem anere säin 2. Geie Concerto kéinte vum musikalesche Gehalt net méi ënnerschiddlech sinn. Fënnt ee beim Brahms déi typesch ausluedend, romantesch Orchesterpassagen, esou ass beim Schostakowitsch sengem Spéitwierk d'Opulenz immens zeréckgaangen an hien zeechent eng éischter minimalistesch Klanglandschaft duerch déi sech d'Solo-Gei mat grousser Intensitéit an Expressivitéit beweegt.
Dëse kontrasträiche Programm gëtt Iech an enger Interpretatioun vum Deutschen Symphonie-Orchester Berlin ënner der Leedung vum Cristian Macelaru presentéiert.
Opgeholl gouf dëse Concert vum Deutschlandradio Kultur an der Berliner Philharmonie an Dir kënnt e bis de 29. Juni 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
Programm:
Sophie-Carmen Eckhardt-Grammaté (1898-1974)
- Passacaglia & Fugue
Dmitri Schostakowitsch (1906-1975)
- Geie Concerto Nr. 2 an Do Dièse Mineur, op.129
Johannes Brahms (1833-1897)
- Sinfonie Nr. 3 a Fa Majeur, op.90
Interpreten:
Isabelle Faust, Gei
Deutsches Symphonie-Orchester Berlin
Cristian Macelaru, Direktioun