Bei de "Véier Joreszäiten" denkt ee séier un dem Antonio Vivaldi seng. Den italieenesche Barockkomponist koum mat sengem Fréijoer, Summer, Hierscht a Wanter grouss eraus an och haut héiert een déi Musek nach vill. Méi wéi 200 Joer duerno huet den Astor Piazzolla seng "Véier Joreszäite vu Buenos Aires" komponéiert. Deen international berüümte Meeschter vun der Tango-Musek.
Bei dësem Concert spillt een Enseignant-Trio aus dem Conservatoire du Nord zu Ettelbréck ënner anerem d’Fréijoer vum Piazzolla, nieft Wierker vun Haydn, Mendelssohn a Schostakowitsch.
Dëse Concert, presentéiert vum Marie Schockmel, kënnt dir nach bis den 8. Juli 2025 an eiser Mediathéuk lauschteren.
Programm:
- Joseph Haydn (1732-1809): Piano Trio Nr. 39 a Sol Majeur Hob.XV25
- Felix Mendelssohn-Bartholdy (1809-1847): Trio Nr. 1 a Re Mineur
- Dmitri Schostakowitsch (1906-1975): Piano Trio Nr. 1 an Do Mineur op.8
- Astor Piazzolla (1921-1992): Primavera Portena - Tango
Interpreten:
- Isabel Van Grysperre, Gei
- Moritz Reutlinger, Cello
- Anette Fischer-Lichdi, Piano