D'Edith Haller ass eng Operesängerin, déi virun allem fir hir Interpretatioune vum Richard Wagner senge Wierker bekannt ass. Domat stoung si och schonn op grousse Büne wéi zu Bayreuth am Festspielhaus an 2019 huet si hiren Debut an der Metropolitan Opera zu New York gefeiert.
Den 19. Abrëll hat si hir Première hei am Land am Mierscher Theater. Um Programm stoungen dräi Wagner-Arien zesumme mam Orchestre National des Jeunes du Luxembourg.
Dëst ass e Matschnëtt vun deem Concert, deen den opus 100,7 am Mierscher Theater opgeholl huet. An dee Concert kënnt Dir bis de 10. Juli hei nolauschteren.
Programm:
Richard Wagner: Rienzi, der letzte der Tribunen – Ouverture
Richard Wagner: Airs de « Tannhäuser » et « Tristan und Isolde »
Pyotr Ilyich Tchaikovsky: Symphonie Nr. 4 en fa mineur, op.36
Interpreten:
Orchestre National des Jeunes du Luxembourg
Direktioun : Pit Brosius
Sopranistin : Edith Haller