D'Louise Farrenc ass bis haut eng vun de bekanntste Komponistinnen aus der Romantik. Si ass am 19. Joerhonnert zu Paräis opgewuess, ëmgi vu ville Fraen déi kreativ Beruffer ausgeüübt hunn. Si war och eng Fra, déi sech vill duerchgesat huet a musikalesch gesi ganz produktiv war. Dëst ass e Concert an Hommage un déi grouss Paräisser Komponistin, deen néng Enseignanten aus dem Stater Conservatoire spillen.
Nieft Kammermusek vun der Farrenc steet awer och nach een anere Komponist aus dem 19. Joerhonnert op der Affiche. Et ass de Franz Paul Lachner, dee musikalesch laang zu München aktiv war an och e gudde Frënd vum Franz Schubert war.
Programm:
- Franz Paul Lachner: Nonett a Fa Majeur op.139
- Louise Farrenc: Nonett a Mi bémol Majeur op.38
Interpreten:
- Max Mausen, Klarinett
- Flavia Hirte, Querflütt
- Emmanuel Teutsch, Hautbois
- Cyprien Keiser, Cello
- Susanne Martens, Braatsch
- Banda Pato, Kontrabass
- Jean-Paul Dietz, Fagott
- Pascal Monlong, Gei
- Claire Kalisky, Cor
Dëse Concert, presentéiert vum Marie Schockmel, kënnt Dir bis den 11. Juli 2025 an der opus-Mediathéik lauschteren.