Duerch déi aussergewéinlech grouss Besetzung gëtt dem Beethoven seng Chouerfantasie nëmme seelen an hirem vollen Ausmooss opgeféiert. Ma d’Solistes Européens loosse genee dës Fantasie zesumme mam Pianist Jean Müller an 2 Chéier zu engem monumentale Klangfest opbléien. Fantasievoll gëtt et iwwerdeems mat enger Ouverture, déi op dem Shakespeare senger bekanntster Libestragedie baséiert. Zum Schluss féiert de Borodin de Publikum mat de rhythmesch geluedene “Polowetzer Dänz” a senger ausdrocksstaarker 2. Sinfonie bis a Russland.
Programm:
Pjotr Iljitsch Tschaikowski (1840-1893)
- Romeo a Julia, Fantasie-Ouverture
Ludwig van Beethoven (1770-1827)
- Chouerfantasie an Do Mineur op.80
Aleksandr Borodin (1833-1887)
- Sinfonie Nr. 2 a Si Mineur
- Polowetzer Dänz aus der Oper “Prënz Igor”
Interpreten:
Jean Muller, Piano
Chorale Mixte vum Stater Conservatoire
Maîtrise Sainte-Cécile vun der Kathedral
Solistes Européens, Luxembourg
Marc Dostert, Direktioun vun de Chéier
Christoph König, Direktioun