Den 22. Oktober 2015 ass den Alessandro zum neien Titularorganist an der Diddelenger Kierch Saint-Martin ernannt ginn. 10 Joer méi spéit - den 28. Oktober 2025 - feiert hien dësen Anniversaire mat engem musikalesche Programm, dee vun der Romantik bis bei den Arnold Schönberg féiert. Den Opus huet dëse Concert am Kader vum internationalen Uergelfestival vun Diddeleng opgeholl. Nolauschteren kann een dëse Live-Matschnëtt iwwer d'Mediathéik op www.opus.radio
Programm:
Felix Mendelssohn Bartholdy: Andante
Johannes Brahms: Prälude a Fuge a Sol Mineur
Paul Hindemith: Sonata II
Arnold Schönberg: Variatiounen iwwer e Rezitativ, op. 40
Edward Elgar: Nimrod (Bis)
Interpret:
Alessandro Urbano, Organist