An dësem Concert dréit sech alles ëm e Komponist, deem säin Numm deene meeschte Leit warscheinlech bekannt ass, mee deem seng Liewensgeschicht déi mannst wierklech kënnen; de Carl Maria von Weber.
An dat aus guddem Grond, well dem Carl Maria von Weber säin Doudesdag widderhëlt sech de 5. Juni fir déi 200. Kéier. An dat ass fir eis um Opus déi perfekt Geleeënheet fir dësem dacks ënnerschaten awer bedeitende Komponist e Concert ze widmen.
Kommt mat eis op Entdeckungsrees duerch d’Liewe vun deem Mann, deen d’Museksgeschicht nohalteg verännert huet, an deen en direkte Lien souwuel mam Wolfgang Amadeus Mozart, wéi och mam Richard Wagner hat.
Dëse Concert kennt Dir nach bis den 02. Juli an eiser Mediathéik nolauschteren.
Programm:
Carl Maria von Weber (1786-1826)
Concerto fir Klarinett Nr. 1 a Fa Mineur, Op. 73
Arthur Stockel (Klarinett), Luxembourg Philharmonic, Leo McFall (Dirigent)
Klarinettequintett, Op. 34
Arthur Stockel (Klarinett), Quatuor Hanson
Concerto fir Klarinett Nr. 2 a Mi bémol Majeur, Op. 74
Arthur Stockel (Klarinett), Luxembourg Philharmonic, Leo McFall (Dirigent)
Sinfonie Nr. 1 an Do Major, Op. 19
Tapiola Sinfonietta, Jean-Jacques Kantorow (Dirigent)
Concerto fir Fagott a Fa Majeur, Op. 75
Jaakko Luoma (Fagott), Tapiola Sinfonietta, Jean-Jacques Kantorow (Dirigent)