arrow_back_ios
Klassik Aktuell
Den Eechternoacher Uergelsummer
headphones
14 min
Lauschteren play_arrow
All Joer wärend der grousser Vakanz ass zu Iechternach an der Basilika den Uergelsummer. Touristen an Uergelfans kënnen 3 Freidegowender Concerte genéissen, mat engem breetgefächerte Programm.
D’Marie Trussart huet sech mam Titularorganist Jos Majerus getraff a vun him ganz perséinlech eng Uergelféierung kritt. Ënner anerem huet hien erkläert, wéi eng Uergel funktionéiert, wat den Ënnerscheed tëschent deenen 2 Uergelen aus der Basilika ass, an hien huet ausserdeem verroden, wat um Programm vum Uergelsummer steet.
Musek
Klassik
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart