Klassik Aktuell
"Ein Abend mit Dracula"
3 min
Déi 39. Saison vun der Kammerata Luxembourg geet den 31. Oktober lass - ganz passend mat engem Halloween-Concert ënner dem Motto “Halloween - ein Abend mit Dracula”, als Optakt fir de Festival MusicDays Vianden. Do sinn net nëmmen d’Museker:innen vum Lëtzebuerger Ensembel verkleet, mee och d’Nolauschter:inne kënnen a Kostümer kommen.
Um Programm steet ënner anerem dem Philip Glass seng Filmmusek fir "Dracula" an eng Liesung aus dem Bram Stoke sengem Roman. D'Kammerata ass deen Owend net eleng, mee mat dobäi ass och de Schauspiller Nickel Bösenberg, deen den Dracula spille wäert.
D'Sandrine Cantoreggi, Geiistin an nei Presidentin vun der Kammerata, an de Marc Jacoby, Geiist a fréiere President, hunn dem Marie Schockmel méi verroden iwwer den Halloween-Concert.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel