Klassik Aktuell
ICMA 2025 - D'Finalist:inne sti fest!
4 min
374 Produktioune goufe fir dës Editioun bei der ICMA eragereecht. Dës goufen dunn an insgesamt 16 Kategorien agedeelt.
Elo goufen an engem Vott vun direkt e puer Ronnen, d'Finalistinnen an d’Finalisten ausgewielt.
Dofir zoustänneg war e Jury aus 27 Memberen, deen aus onofhängege Medien aus deene verschiddenste Länner besteet. Fir Lëtzebuerg huet de Radio 100,7 an och de President vun der ICMA, de Rémy Franck, um Jury-Vott deelgeholl.
Beim Choix vun dësem Jury hunn et elo jeeweils nach 3 Nominatioune pro Kategorie an d'Final am Mäerz 2025 gepackt. Besonnesch transparent mécht d’Nominatioun, datt Facteure wéi verkaaften Tounträger oder aner Succèse vun den Artisten net berücksichtegt ginn. Domat kënnen also och komplett onbekannte Produktiounen a Kënschtler:inne gewannen.
De Choix vun de Gewënner fält de 14. Januar 2025. Hei ginn d'Resultater vun de Gewënner ëffentlech gemaach. Dee Moment weist sech dann, wéi eng Produktiounen de Präis fir sech entscheeden an dësen an der Düsseldorfer Tonhalle de 19. Mäerz 2025 entgéinthuele kënnen.
Op opus 100,7 fannt Dir d'Lëscht vun den Nominatioune fir d'Final 2025. (https://www.icma-info.com/icma-publish-the-finalists-for-the-awards-2025/)
Presentéiert vum
- Lex Kauffmann