D'Frënn vun der Militärmusek siche mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère an der SACEM no engem neie Marsch zu Éiere vum neie Groussherzog Guillaume. Dëst am Kader vum Trounwiessel am Oktober 2025.
Gesicht gëtt virun allem eng nei Eegekompositioun fir militäresch Zeremonien ze encadréieren an déi un ee Foussmarsch ugepasst ass.
Am Gespréich war beim Lex Kauffmann den aktuelle Chefdirigent vun der Militärmusek, de Lieutenant Colonel Jean-Claude Braun.
Si hu sech iwwer d'Krittäre vum Concours ënnerhalen an och déi historesch Valeur vun esou Märsch an der Lëtzebuerger groussherzoglecher Geschicht.
Dat komplett Reglement an d'Informatiounen zum Kompositiounsconcours fannt Dir um Site vum opus.radio.