De Samschdeg, de 26. Abrëll, erkléngen am Escher Conservatoire déi bekannte Melodien aus dem Bernstein senger "Westside Story" an aus dem "Candide". Vum Gershwin ënner anerem "An American in Paris". Et ass Musek, an déi een déif muss andauche fir se ze verstoen, well se dacks op Rhythme baséiert, déi net aus eisen europäesche Kulture kommen. Et ass och genee dës kulturell Diversitéit, déi déi amerikanesch Musek aus dem 20.Joerhonnert esou interessant mécht, fënnt d'Pianistin Lina Druart. De Melting Pot New York ass och dat éischt un dat si muss denken, wa si un amerikanesch Musek denkt, wéi d'Lina Druart am Gespréich mam Christophe Mirkes verréit.
arrow_back_ios
Klassik Aktuell
"Il est très important de s'imprégner de cette musique"
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes