De Mozart an de Reger hunn zu verschiddenen Zäite gelieft a sech ni kenne geléiert - beim nächste Concert vun der Kammerata Luxembourg begéinen déi zwee sech awer op engem eenzege Programm. Ganz nom Motto "Mozart a Reger am Dialog" geet et drëm, ze weise wat déi zwee gemeinsam hunn a wat si vuneneen ënnerscheed.
D'Presidentin a Geiistin vum Kammermuseksensembel, d'Sandrine Cantoreggi, verréit am Gespréich mam Marie Schockmel méi.