24 Gittaresäite gläichzäiteg héieren? Dat ass méiglech fir Neptunium. Dat ass e franséische Gittare-Quartett aus der Paräisser Regioun mat véier Frënn, déi sech zanter hire Studie kennen. Den 8. August spillen déi véier e Concert de Midi an der Villa Vauban. Op der Affiche sti vill verschidde Komponisten a Stiler. Et geet vu Rameau a Berlioz bis Dvořák a Vivaldi. Dat besonnescht ass awer net nëmmen de stilistesche Mix, mee och de Fait, datt d'Museker:innen d'Arrangementer ëmmer selwer schreiwen.
D'Sarah Walin, ee vun de véier Memberen, verréit am Gespréich mam Marie Schockmel méi - ënnert anerem vu wou de Numm "Neptunium" hierkënnt.