Episoden
Feierdeeg um Opus
Looss dech mam Opus an eisem Choix un nationalen an internationale Concerte gemittlech duerch d'Chrëschtdagszäit begleeden.
Chrëschtstëmmung an der Philharmonie
D'Lëtzebuerger Philharmoniker lueden d'Pueri Cantores an de Kammerchouer aus dem Stater Conservatoire op hiren alljärleche Chrëschtconcert an.
De Stater Conservatoire kritt fir déi nächst Rentrée en neien Direkter
De Marc Meyers huet annoncéiert, datt hie säi Posten no 15 Joer als Direkter wëllt fir d'Rentrée 2026 opginn. De Member vum Staatsrot wëllt awer am Conservatoire bleiwen.
De Camille Saint-Saëns a seng speziell Relatioun zu de Kanareschen Inselen
De Komponist huet sech nom Doud vu senger Mamm dozou entscheet op Gran Canaria ze flüchten. Um 104. Doudesdag kucke mir op des skurril Geschicht.
Christmas à la Hollywood
D'Solistes Européens, Luxembourg spillen e Chrëschtconcert an der Philharmonie, bei deem Klassiker wéi den "Nussknacker" an awer och amerikanesch Chrëschtlidder um Programm stinn.
Traditioun, mee anescht
Les Amis du Chant sangen zënter méi wéi 30 Joer wärend der Chrëschtzäit e Christmas-Carols-Programm. Dëst Joer ass eng gewinnte Saach net méi d'selwecht.
Jidderee ka matmaachen
Choir-ful Christmas am Cube521 zu Maarnech fir matzesangen - am Publikum oder op der Bün
Live Mandolinn am Harmonesche Moien
Op Besuch am Harmonesche Moien beim Lex Kauffmann war d'Prof a Musekerin Mari Fe Pavon.
E Pianostrio um Buerglënster Festival
Am Kader vum 44. Museksfestival am Schlass Buerglënster spillt den Cellist Benjamin Kruithof de 14. Dezember mat engem Pianostrio.
"Hopp Marjänn" am Mierscher Theater
D'Wierk vun 1980 mat Musek vum Pierre Nimax Senior gëtt den 12. a 14. Dezember nei opgeféiert am Mierscher Theater.
Chrëschtmusek mol eng Kéier aneschters
Selte gespillte Wierker fir déi besënnlech Zäit mam Ensembel Ad Libitum
COP20: Wat hu Sträichinstrumenter mam Aarteschutz ze doen?
Wat kéint eng Verschäerfung vun den Handlungsreegelunge vum sougenannte Paubrasilia-Holz fir Museker bedeiten?
Neit Wierk "Exorzismus" vum Pit Dahm
Dee jonke Lëtzebuerger Perkussionist huet säi Wierk "Exorzismus" op sengem eegene Studienofschloss gespillt. 2026 steet et op der ARD International Music Competition um Programm.
Den Opus elo op DAB+!
Mam Opus ass elo deen éischten an eenzege lëtzebuergesche Klassik-Radio um DAB+. Lauschter mat dengem digitale Radio non-stopp klassesch Musek!
D'Kannerradionuecht haut den Owend LIVE
De Radio 100,7 iwwerdréit haut den Owend LIVE d'Kannerradionuecht!
Le Chant Choral dans tous ses états
E Freideg den 28. a Samschdeg den 29. November sti méi wéi 180 Sänger zesummen op der Bün vum Mierscher Theater.
D'Sopranistin Véronique Nosbaum live am Harmonesche Moien
Zënter Klengem un ass d'Sopranistin Véronique Nosbaum vun der barocker Musek begeeschtert. Si deelt hir Passioun elo mat Proffen aus dem Stater Conservatoire bei engem Concert.
Apoplexie
De 29. an den 30. November ass am Kasemattentheater nees eng Virstellung vum Live-Hörspill "Apoplexie."