E groussen Undrang gouf et gëschter bei der Präisiwwerreechung an dem Gala-Concert vun den International Classical Music Awards 2026 zu Bamberg. Och den Opus ass Member am Jury vun den ICMA. Niewent dem grousse Line-up ënnert anerem mam Artist of the year Jakub Hrusa, de Bamberger Symphoniker an dem Vocal-Ensembel Amarcord stoung och e Staatsempfang mam Bayresche Staatsminister fir Wëssenschaft a Konscht Markus Blume um Programm, bei deem dee ganze Publikum ageluede war. D'Bamberger Symphoniker hunn dës Occasioun vum Gala-Concert nämlech genotzt fir mat dësem Event hiren 80. Anniversaire ze feieren.
De Video vum Concert fannt dir hei.