Den Dmitri Schostakowitsch war ee Meeschter dora mat musikalescher Ironie a Subtilitéit de Regimm vum Sowjet-Diktator Josef Stalin ze kritiséieren. Alles wat vun der offizieller Kulturpolitik als Glorifizéierung verstane gouf, war dacks just de Géigendeel - esou och déi 7. Symphonie, d’"Leningrader".
Wärend se nach an der Sowjetunioun als groussen Heldenepos gefeiert gouf, koum d’Partitur op abenteuerlech Aart a Weis op London, wou d’BBC se den 22. Juni 1941 quasi an d’ganz Welt iwwerdroen huet. Domadder huet déi reng patriotesch, sowjettesch Liesaart vun der Musek net méi gegollt.
De Guy Engels erënnert un dëse besonnesche Coup aus der Museksgeschicht.