D’Chorale Municipale Sängerbond Diekirch feiert an dëser Saison 175 Joer. Bis ewell gouf haaptsächlech mat Concerte gefeiert. De Weekend vum 27./28. Juni ginn elo eng ganz Rei Workshoppe gebueden, bei deene jiddereen, dee wëllt, ka matmaachen. Et gëtt Atelieren a Song-Alongs fir all Altersgruppen. Och d’Sänger:inne vum Sängerbond maache mat, wéi de President Manfred Logeling eis verroden huet.
Weider Detailer fir matzemaache fënnt een op der Websäit vum Sängerbond.