“Ech soen ëmmer, ech sinn de Pit. An da soen ech laang näischt...”
Esou stellt de Pit Ewen sech dem Lex Kauffmann am Opus Interview vir.
De Pit Ewen ass zënter 2021 President vum Orchestre National des Jeunes du Luxembourg - mam Olivier Garofalo vun der neier Saison un awer och un der Duebelspëtzt als Direkter vum Mierscher Theater aktiv. Donieft ass hien als Museker a Bands ënnerwee.
D'Summertournée vum ONJ ass Ufank August op en Enn gaangen, nodeems den Orchester zu Miersch, Apeldoorn a Berlin Concerte spillen duerft. Gläichzäiteg bedeit dat och fir de Pit Ewen de Schlussstréch als President vum ONJ, deen nämlech am Mierscher Theater seng Residenz huet.
De Lex Kauffmann vum Opus huet de Museker zu Berlin e puer Stonne virum leschte Concert als President vum ONJ getraff an ee längeren Interview gefouert.
Kuerz gesot: et geet iwwer d'Gebuertsstonn an d'Visioun vum ONJ, Erausfuerderungen an déi besonneschst Momenter aus der Vue vum Pit Ewen.