De 6. Oktober feiert de Leopold Hager säi ronnen 90. Gebuertsdag. Dofir spillt hien ënnert anerem e Concert an der Philharmonie um Kierchbierg. Mat de Lëtzebuerger Philharmoniker huet hien eng grouss Verbonnenheet. 15 Joer laang huet hien den deemolegen RTL-Orchester als Chefdirigent geleet. 2021 gouf hien dann och vum Orchester zum Éierendirigent ernannt.
Gebuer an opgewuess ass hien zu Salzburg, ëmgi vu vill Natur. Scho fréi huet hien sech fir Musek interesséiert, an dat obwuel seng Eltere keng Musek gemaach hunn. Studéiert huet hien ënnert anerem um renomméierte Mozarteum zu Salzburg. Net nëmmen Dirigéieren, mee och nach Kompositioun, Piano, Cembalo an Uergel. Duerno huet hien sech dann op d’Direktioun spezialiséiert.
Wat sinn dem Leopold Hager seng éischt musikalesch Erënnerungen? War Musek och säi Liblingsfach an der Schoul? Wéi koum d'Entscheedung, Dirigent a net Komponist ze ginn? Freet hien sech säin 90. Gebuertsdag zu Lëtzebuerg ze feieren? A virun allem: Ësst hie léiwer Gromperekichelcher oder Bouneschlupp?
Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Leopold Hager all dës perséinlech Detailer an hëlt eis gedanklech mat an déi wonnerschéin Natur ronderëm Salzburg an och a seng Liblingsplazen hei am Land.