De Leopold Hager, Éierendirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, kuckt schonn zeréck op iwwer 60 Jore Karriär. Ee groussen Deel dovunner ass hie fir seng Concerten op Reese ronderëm d'ganz Welt. Kann ee bei esou engem Liewen awer vun engem eenzegen Doheem schwätzen?
De Leopold Hager huet säin Haaptwunnsëtz bei Heilbrunn an Éisträich an ass ganz begeeschtert vun där Géigend a vun der Natur.