De Carlo Jans ass zënter méi wéi 40 Joer net just Enseignant, mee och Dirigent, internationale Solist a Flüttist. Wärend dëser Zäit sinn net eleng iwwer 50 Produktiounen mat renomméierten Orchesteren aus der ganzer Welt entstanen: De Carlo Jans huet och virun 37 Joer den Internationale Forum fir Piano a Flütt zu Lëtzebuerg gegrënnt, bäi deem zanterhir iwwer 1200 Schülerinnen a Schüler matgemaach hunn. De Carlo Jans ass dann och Invité an eisem mëttlerweil fënneften Episod vum Klassik Talk.
Wéi haart ass et als Jonken an der professioneller Musekszeen Fouss ze faassen? Wat sinn déi schéin an och manner schéi Facettë vun der Klassikzeen zu Lëtzebuerg an och am Ausland? A wéi eng Wäerter maachen ee gudden Enseignant aus?
Lauschtert eran an den neien Episod mam Carlo Jans.