De Lëtzebuerger Vibraphonist gëtt elo de Weekend mam Opus Klassik zu Berlin ausgezeechent. Dat ass dee gréissten däitschen Industriepräis an der Welt vun der Klassik. Hie gewënnt de Präis an der Kategorie Neue Klassik. 2012 hat de Pascal Schumacher de Virleefer-Präis vum Opus Klassik gewonnen, deemools war dat den Echo Jazz.
Dat weist och, datt de Pascal Schumacher ganz villsäiteg ass an a méi Museksgenren doheem ass. Als Jazzmuseker, Vibraphonist a Komponist, schafft hien nämlech an deenen ënnerschiddlechste Beräicher a Stiler. Dofir kann de Pascal Schumacher ni déi komplett Wouerecht iwwer säi Beruff soen, wann hie sech virstellt, well dat ze komplizéiert ass an ze laang dauert.
Am Klassik Talk huet de Pascal Schumacher sech awer Zäit geholl fir eis säi Parcours duerch déi verschidde Museksstiler ze beschreiwen.