De Carlo Jans ass zënter méi wéi 40 Joer net just Enseignant, mee och internationale Solist a Flüttist. Wärend dëser Zäit sinn net eleng iwwer 50 Produktioune mat renomméierten Orchesteren aus der ganzer Welt entstanen: De Carlo Jans huet och viru 37 Joer den Internationale Forum fir Piano a Flütt zu Lëtzebuerg gegrënnt, bei deem zanterhier iwwer 1200 Schülerinnen a Schüler matgemaach hunn. De Carlo Jans ass dann och Invité an eisem mëttlerweil fënneften Episod vum Klassik Talk.
Am éischten Extrait schwätzt de Carlo Jans doriwwer, dass hien den Enseignement bis haut ni als Aarbecht, mee als Passioun empfonnt huet. Doriwwer eraus verzielt hien och, wat hien a senger zukünfteger Pensioun gäre maache géif.