En Episod mat Gléckwënsch fir de 60.Gebuertsdag! De Georges Lentz wunnt zënter 1990 an Australien an do feiert hien och säi ronne Gebuertsdag. Wou genau verréit hien hei am Podcast. E Special Guest huet dem Georges Lentz och seng perséinlech Gléckwënsch an dësem Episod mat op de Wee ginn.
An deene leschten zwee Joer huet den 100,7 souwuel dem Georges Lentz säi Geieconcerto, wéi och säi Braatscheconcerto live aus der Philharmonie iwwerdroen. Seng Wierker si mat de jeeweilege Solistinnen Arabella Steinbacher an Tabea Zimmermann ëm déi ganz Welt gereest.
Hei am "Klassik Talk" hëlt de gebiertegen Iechternacher Museker, Georges Lentz, eis net mat an de Concertssall, mee a seng Gedankewelt. Firwat ass de Stärenhimmel iwwer der Wüst sou magesch? Firwat ass d’Sich no der Rou zentral? Firwat ass de Concertssall net ëmmer déi ideaalst Léisung fir nei Musek ze erliewen? Iwwer ënner anerem dës Sujeten ënnerhält sech de Christophe Mirkes mat eisem Invité Georges Lentz.