D'Ana Maria Tzekov ass d'Directrice artistique vum Cape.
Déi gebierteg Éisträicherin ass 2018 fir d’Aarbecht op Lëtzebuerg komm. Si huet 6 Joer laang an der Philharmonie als ‘education manager’ geschafft a war och zanter 2023 Responsabel vun der ‘Luxembourg Philharmonic Academy’.
Den 1. Juli 2024 huet si dunn d'kënschtleresch Leedung vum Cape iwwerholl, an huet mëttlerweil hir éischt Saison als Directrice artistique hannert sech, an dat mat nëmmen 31 Joer.
Wéi ass et als Fra un der Spëtzt vun engem Kulturhaus? Virun allem wann een nach esou jonk ass? Wéi eng Vue huet d’Ana Maria Tzekov op d’Lëtzebuerger Kulturwelt? A wat sinn hier Visioune fir d’Zukunft vum Cape? D’Äntwert op all dës Froen héiert Dir am 9. Episod vun eisem Klassik Talk.