D'Ana Maria Tzekov ass d'Directrice artistique vum Cape.
Déi gebierteg Éisträicherin ass 2018 fir d’Aarbecht op Lëtzebuerg komm. Si huet 6 Joer laang an der Philharmonie als Education manager geschafft a war och zanter 2023 Responsabel vun der Luxembourg Philharmonic Academy.
Den 1. Juli 2024 huet si dunn d'kënschtleresch Leedung vum Cape iwwerholl an huet mëttlerweil hir éischt Saison als Directrice artistique hanner sech, an dat mat nëmmen 31 Joer.
An dësem Episod hu mir eis mat der Ana Maria Tzekov iwwer d'Reegelen, déi wärend engem Spektakel sollen agehale ginn an dem Publikum onerkläerterweis musse bekannt sinn, ënnerhalen. Muss een déi Reegelen am Concert ënner allen Ëmstänn anhalen? A wann net, stéiert dat dann d'Kënschtler:inne wierklech? A mir hu mat hir iwwer d'kollektiv Erliewe vun dem Emotioune geschwat, a firwat dat hirer Meenung no esou wichteg ass.