Am Klassik Talk vun dëser Woch hu mir mam Gewënner vum Concours Reine Elisabeth 2025 geschwat. De jonken hollännesche Pianist Nikola Meeuwsen war de leschten Donneschde fir e Concert hei zu Lëtzebuerg. Zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker huet hien ënnert der Leedung vum Riccardo Minasi den zweete Concerto fir Piano vum Prokofiev interpretéiert, mat deem hien och de Concours gewonnen huet.
Den Nikola Meeuwsen huet bei Gréisste wéi der Marlies van Gent, dem Enrico Pace, dem Frank Braley an dem Avedis Kouyoumdjian Piano studéiert. Schonn 2022 war hie mam Grachtenfestival Award ausgezeechent ginn, dat, nodeems hien de Concertgebouw Young Talent Award, d’Royal Concertgebouw Competition an d’Steinway Competition an deene Joeren virdru gewonnen hat.
Mëttlerweil gëtt hie reegelméisseg op hollänneschen an internationale Festivaller invitéiert an huet scho mat Museker*innen ewéi der Janine Jansen, der Corina Belcea an dem Augustin Dumay gespillt.
An eisem 13. Episod schwätze mir mat him doriwwer wéi et ass esou ee renomméierte Concours ze gewannen,wat hie wärend dem Concours am Meeschten halt ginn huet a wat hie fir seng Musek inspiréiert. Wat hien eis iwwert säi Liewe verroden huet, a wéi dëst sech zanter dem Concours verännert huet, dat gitt dir an eisem neitsten Episod vum Klassik Talk gewuer.