De Komponist, Saxophonist an Dirigent Hy-Khang Dang ass 1995 hei zu Lëtzebuerg gebuer. Nom Stater Conservatoire huet hien seng Studien an de renomméiertsten europäeschen Héichschoulen weidergefouert. Dorënner de Conservatoire zu Bréissel, de Conservatoire National Supérieur de Musique et de Danse zu Paräis an d’Guildhall School of Music and Drama zu London .
Vun 2023-2026 war hien Soundhub associate vum London Symphony Orchestra,an an der Saison 2024/25 ass hien fir de ‘Britten-Pears Young Artist’ Programm selectionnéiert ginn.
Aktuell lieft a schafft den Hy-Khang Dang paralell zu London an zu Lëtzebuerg, a well hie grad hei zu Lëtzebuerg war, hu mir dovu profitéiert fir hien an eise Klassik Talk vun dëser Woch ze invitéieren.
Mir hu mat him iwwert d’Komponéieren geschwat, iwwert seng Vietnamesesch a seng Lëtzebuergesch Wuezelen, a wéi hien bei sengem usprochsvolle Liewen tëschent Lëtzebuerg a London zur Rouh kennt. Lauschtert eran an de 17. Episod vun eisem Klassik Talk mam Lëtzebuerger Komponist Hy-Khang Dang